All 10 Joer gëtt eis Staumauer zu Esch-Sauer kontrolléiert, dëst awer net, andeems mer de stau auslafe loossen, mee hautdesdaags gëtt dat vun Hightech-Apparater gemaach, respektiv vu professionellen Taucher.
Et ass eng gréisser Prozedur, fir eis Staumauer zu Esch-Sauer ze kontrolléieren. Dat, wat ee visuell iwwer Waasser gesäit, ass méi einfach op Rëss oder soss iergend aner Anomalien ze kontrolléieren, wéi déi Deeler vun der Mauer ënner Waasser. Dobäi gehéieren awer och nach aner Aspekter, déi all 10 Joer ënnert d’Lupp geholl ginn. Ugefaange gëtt mat den elektromechaneschen Deeler an do ginn d’Wannen eng Kéier opgemaach a getest.
Verschidden Tester ginn awer net nëmmen all 10 Joer gemaach, mee 24 Stonnen op 24. Esou eng gréisser Revisioun ass dann ëmmer e groussen Opwand.
No dësem Test geet et op d’Staumauer an do ass elo Hightech am Asaz. E Grupp, deen extra aus Südfrankräich ugereest ass, ass spezialiséiert op Ënnerwaasseropnamen, virun allem, wat Inspektiounen ugeet, andeems se mat enger Ënnerwaasserdron all eenzelen Zentimeter kontrolléieren.
De Roboter ënnersicht all déi Plazen, déi fir de Mënsch ze kleng sinn, fir ënner Waasser bäizekommen, déi ganz Struktur, d’Korrosioun an all eenzele Splënt gëtt kontrolléiert. Dono ass et un engem Taucher. Och dee kuckt a filmt alles, wat mat der Mauer ze dinn huet a schonn zanter ville Joren ënner Waasser ass.
Ier d’Analysen an alles bewäert ginn, kann een awer elo scho behaapten, dass eis Mauer gesond ass. De Summer ka kommen an, an 10 Joer ass et nees esou wäit, da gëtt se op en Neits op Häerz a Nieren kontrolléiert.