Georges MischoD'Südspidol, dat 2024/2025 Realitéit soll sinn, ass e grousst Zil

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend war eng Informatiounsversammlung an der Diddelenger Gemeng iwwert dat zukünftegt Südspidol an d'Zukunft vum Site zu Diddeleng.

3 grouss Gebaier, déi ënnerenee verbonne sinn, wouvun eent d'Haaptgebai ass, mat donieft enger Maison médicale: Sou presentéiert sech dat zukünftegt Südspidol. E Méindeg den Owend war dat e Sujet an enger Informatiounsversammlung an der Diddelenger Gemeng.

Dobäi gouf och iwwert d'Zukunft vum aktuelle CHEM-Site Diddeleng geschwat, fir dee konkret Iddien um Dësch leien. Nieft der Poliklinik, déi soll bestoe bleiwen, kéint hei en neien Zenter fir d'Alzheimer-Associatioun entstoen.

Zukunft vum CHEM - De Reportage vum Eric Ewald

An deem Sënn hätt ee mat der ALA a mat den zoustännege Ministèrë Kontakt gehat, sot den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana. Dobäi hätt een de Projet vun enger regionaler Struktur virgestallt an et hätt ee vun den 2 Ministeren e préjugé favorable kritt, fir an déi dote Richtung ze goen.

Woubäi d'Plangen eréischt fir no 2025 ass, ma et soll eng Struktur vun 100 Better entstoen. De Projet ass kloer: Eng Regionalstruktur fir d'ALA, respektiv awer och eng Poliklinik, an dat an enger neier moderner Struktur.

Stelle sech just d'Froen, ob et zu engem Ëm- oder Neibau kënnt, an déi iwwer eng Iwwerganksléisung.

Eriwwer da bei d'Südspidol mat senge 584 Better (just Eenzelzëmmeren), 16 Operatiounssäll an 265 Dokteren. Dora wäert et och zum Asaz vu Robotere kommen. 540 Millioune kascht de Projet, wat mat sech bréngt, dass an den nächste 5-6 Joer keng Milliounen an déi aktuell Sitten investéiert ginn. Si sollen awer iwwerliewen, sou den Dr Hansjörg Reimer, Generaldirekter vum CHEM.

Frappant ass fir de Medeziner, dass ëmmer méi Leit an d'Urgencë kommen. Et kéint ee sech dréinen a kéiere wéi ee wéilt. Et hätt een eng Croissance vun 10%, an dat wier net just op de Wuesstem bei der Populatioun zeréckzeféieren. Et schéint eng reell Demande do ze sinn, an d'Spidol ze kommen, sou den Dr Hansjörg Reimer.

De Moment ginn eng 80.000 Passagen d'Joer an den Urgencë vum CHEM gezielt, 10% dovun zu Diddeleng. Dat Spidol ass den Abléck op d'Geriatrie, d'Reeducatioun dovun an d'Poliklinik spezialiséiert. Do wieren nach ëmmer trei Dokteren, déi déi Versuergung am Regionale géife leeschten.

D'Poliklinik mat engem Röntgen-Apparat ass iwwregens wiertes vun 8 Auer moies bis 6 Auer owes op.

Back to Top
CIM LOGO