
Bei den Haiser esouguer ëm 13,4 Prozent. D’Verkafspräisser vun Immobilien ginn dogéint weider erof. Bei de Wunnengen ass et e Minus vu 7,1 Prozent. Bei den Haiser ginn d’Präisser ëm 8,1 Prozent erof. Dëst si wuel gemierkt déi affichéiert Präisser an den Annoncen, déi ausgewäert goufen. Déi stäerkste Baisse gouf et iwwerdeems bei de Loyeren vu Wunnengen am Norden an am Oste vum Land. Am Zentrum dogéint sinn d’Haiserpräisser e gutt Stéck méi staark gefall, wéi déi vun de Wunnengen, nämlech ëm 12,6 Prozent.