
Den Täter huet dem Mann d’Suen, grad ewéi seng Bancomatskaart aus den Hänn gerappt. Geschitt ass dat Ganzt géint 18.20 Auer.
E Bekannte vum Affer, deen am Auto net wäit ewech gewaart hat, krut et dunn nach mat engem zweeten Täter ze dinn. Deen huet sech duerch déi oppe Fënster vum Auto nach de Portmonni aus der Mëttelkonsol gekroopt.
Béid Täter hu sech duerch d’Bascht gemaach. D’Affer goufen net blesséiert.