Service Help vun der Croix-RougeDuerch d'Hëtzt falen extra Kontrollen un

Fanny Kinsch
Christophe Hochard
Eeler a fleegebedierfteg Persoune musse bei den héijen Temperaturen natierlech besonnesch gutt op hir Gesondheet oppassen.
Croix-Rouge: Duerch d'Hëtzt falen extra Kontrollen un
Eeler a fleegebedierfteg Persoune musse bei den héijen Temperaturen natierlech besonnesch gutt op hir Gesondheet oppassen.

D'Mataarbechter vum Service Help vun der Croix-Rouge fueren dowéinst am Moment och méi dacks bei hir Clientë wéi normal. Bei Leit, bei déi een normalerweis ee bis zweemol den Dag géif goen, géif een am Moment och nach dotëscht e puermol goen, seet d'Jennifer Schroeder, Responsabel vun der Antenn Bartreng. Et géif een d'Leit an hir Familljen och sensibiliséieren: "Dat heescht ze drénken, ganz kloer, mee och eben d'Fënsteren zouhalen, eng Ambiance banne schafen, déi net ze waarm ass, sech net onbedéngt an der décker Sonn op d'Terrass setzen oder Aktivitéite maachen. Wat mir nach zousätzlech maachen, ass, dass mir méi Duschen ubidden oder Fussbäder ubidden, déi de Leit hëllefen, sech ofzekillen. Mir probéieren och net mat de Leit eraus an de Park ze goen an der Mëttesstonn, mä vläicht éischter an de Bësch, oder éischter dann iergendwou, wou et klimatiséiert ass."

Back to Top
CIM LOGO