D’Finanzplaz ass nach ëmmer dat wichtegst Standbeen vun der Lëtzebuerger Ekonomie. Direkt ass se fir e gudde Véierel vum PIB responsabel an dobäi kommen nach indirekt Aktivitéite wéi d’Consulting Firmen, sou den Yves Nosbusch um Dënschdeg de Moien hei op RTL.
Am Zesummenhang mam Wuesstemsdebat huet de Chefeconomist vu BGL BNP Paribas a President vum Conseil National des Finances erklärt, datt wéinst den internationale Reegelen, déi no der Finanzkris vun 2009 agefouert goufen, d’Banken an d’Betriber och ëmmer méi Personal mussen astellen, ouni datt dëst onbedéngt neie PIB schaaft.
Den Yves Nosbusch, Banquier a President vum Conseil national des finances publiques huet des weidere gemengt, datt duerch d’Steierung vun de Budgetsdepensen, de Staat wuel de Wuesstem kéint beaflossen.
En Dënschdeg war de President vum CNFP, Yves Nosbusch eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.