Visitt vum russesche Premier MedvedevD'USA setze Lëtzebuerg diplomatesch ënner Drock

Roy Grotz
Am Kader vun der Visitt vum russesche Premier Dimitri Medvedev fuerderen d'USA Lëtzebuerg op, sech géint eng Annexioun an der Krim-Regioun auszeschwätzen.
© Alexander ASTAFYEV / SPUTNIK / AFP

Ongewéinleche Message, respektiv diplomateschen Drock e Méindeg vun der amerikanescher Ambassade zu Lëtzebuerg, dat am Virfeld vun der offizieller Visitt en Dënschdeg an e Mëttwoch vum russesche Premier Dimitri Medvedev zu Lëtzebuerg.

An deem Statement geet Rieds dervun, datt Lëtzebuerg an enger eenzegaarteger Positioun wier, fir d'Recht vun alle Länner a Populatiounen ze verdeedegen, fir "dat ze bleiwen, wat se sinn".

Dës Referenz ass fir d'ukrainesch Krim-Hallefinsel gemënzt, eng Regioun, déi zanter 5 Joer vu Russland besat gëtt.

Indirekt, mä an engems och ganz kloer geet also den Appell un d'Regierung, fir beim russesche Premier Positioun géint d'Annexioun vun der Krim-Regioun ze bezéien.

D'Regierung huet net Positioun zu deem Schreiwes vun der US-Ambassade gezunn, mä wuel awer den Aarbechtsminister: op sengem Facebook-Account schreift den Dan Kersch:

"D’Lëtzebuerger Regierung brauch keng Nohëllef vun engem anere Staat oder enger Ambassade, wéi si hier Aussepolitik ze definéieren huet. Esou geet dat net!"

De Minister seet dann och, datt hien decidéiert huet beim Programm vum russesche Premier dobäi ze sinn, fir en Zeechen ze setzen.

En Dënschdeg am Nomëtteg lant de russesche Staatsminister fir seng 2 Deeg laang offiziell Visitt um Findel.

Moskau - Lëtzebuerg. Dat ass op en éischte Bléck: David géingt Goliath.

Visitt vum russesche Premier Medwedew
Déi nächst zwee Deeg wäert ouni Zweiwel iwwer d’Lag an der Welt, awer och Business geschwat ginn.

Diplomaten, Geschäftsleit, déi iwwer déi lescht zwee Joerzéngte bei bilaterale Rendezvouse mat um Dësch souzen, beschreiwen déi historesch gewuesse Relatiounen tëscht Russland a Lëtzebuerg, als Kontakt op Aen héicht.

D’Ekaterina Volotovskaya, Presidentin vun der "Luxembourg-Russia Business Chamber" erkläert d’Avantagë vu Lëtzebuerg: E kléngt Land, dat vill méi flexibel, wei jidder grouss Wirtschaft ass, wou Geschäftsleit vill méi einfach Zougang zu de Verwaltungen, zu der Chambre de Commerce hunn. Wou et nach einfach ass, e Minister ze gesinn, oder de Vice-Premier, respektiv de Premier.

Wou de Banquier direkt e Rendezvous bei der CSSF kritt. "Dir gitt mat oppenen Äerm empfaangen", sou d’Ekaterina Volotovskaya.

Mat oppenen Äerm gëtt en Dënschdeg och de Russesche Premier Dimitri Medvedev um Findel empfaangen. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet e Méindeg dee Besuch als "Frëndschaftsvisitt" beschriwwen.

Eng Visitt beim um Pabeier zweet gréissten Investisseur a Russland, mat 51 Milliarden Dollar, déi iwwer d’Lëtzebuerger Fongen Industrie a Russland fléissen.

Déi nächst zwee Deeg wäert ouni Zweiwel iwwer d’Lag an der Welt, awer och Business geschwat ginn. Béid Säite wäerte probéieren, am géigesäitegen Intressen, nei Weichen ze stellen. Et dierf een net ënnerschätzen, datt Russland munches ze bidden huet. Zum Beispill wat dat Digitaalt ubelaangt, sou den Etienne Schneider, deen sech viru Wochen nach russesch Start-uppen ugekuckt huet.

An deem Sënn wäert e Mëttwoch ee sougenannten ''Accord de modernisatioun" vun den Ekonomien ënnerschriwwe ginn. Thema wäert och d'Initiative ''Space Recources'', respektiv nach emol eng direkt Fluchverbindung tëscht Russland a Lëtzebuerg sinn, sou wéi gemeinsam Intressen an Zäite vu Syrien, Venezuela a virop Embargo am Kontext Ukrain Krise.

Back to Top
CIM LOGO