Interesse-Syndikat nach ëmmer dogéintD'Vëlosbréck iwwert dem Neiduerf krut gréng Luucht

Claudia Kollwelter
Den Ëmweltministère huet no enger Rei Etüden d'Autorisatioun fir d'Vëlosbréck ginn. Den Interesse-Syndikat aus dem Neiduerf ass nach ëmmer géint de Bau.
D'Vëlosbréck iwwert dem Neiduerf krut gréng Luucht
Den Ëmweltministère huet no enger Rei Etüden d’Autorisatioun fir d’Vëlosbréck ginn. Den Interesse-Syndikat aus dem Neiduerf ass nach ëmmer géint de Bau.

Gréng Luucht a Kritik fir Vëlosbréck iwwert dem Neiduerf / vumClaudia Kollwelter

D’Vëlosbréck soll den Cents mam Weimeschhaff verbannen an eben iwwert d’Neiduerf fueren, vu wou aus een natierlech och Accès erop op d’Bréck wäert hunn. 24 Millioune si bis ewell virgesinn, ob et dobäi bleift, ass nach net gewosst. Am Hierscht sollen d’Aarbechte sur place ugoen, seet de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt an erkläert, wat gemaach gëtt:

“Do musse Beem ewechgeholl ginn, do gëtt terrasséiert, do komme Pilieren an e Lift hin. Do gëtt vill gebaut. Et gëtt awer eng ganz filigran Bréck.”

Schonn zanter 2007 géif net just den Interesse-Syndikat vum Neiduerf, mee och soss Leit sech radikal géint dee Bau wieren an et hätt een och Alternative proposéiert, seet d’Vizepresidentin vum Syndikat Danielle Castellaneta:

Hei gëtt eng Natur vreckt gemaach, d’Leit mussen drënner leide just fir e Prestige-Objet.”

© RTL Archivbild

Fir de Roger Braun, President vum Syndikat ass dat Ganzt einfach just politesch motivéiert an d’Autorisatioun vum Ministère net fondéiert:

“Déi bezitt sech just op d’Beem an op eng Fliedermaus an de Rotschwänzchen. Den Uhu gëtt just um Rand erwäänt, obwuel dat säin Unzuchsgebitt ass, e Wanderfalke gëtt guer net ernimmt. A wann ech kucken, eng Ëmweltimpaktetüd hu mer gefrot, krute mer vum Ministère gesot, dat misst net gesot gi bei engem Projet de moindre envergure. Ma wéini ass e Projet dann de grande envergure?”

De Gilles Biver vum Ëmweltministère betount, datt den Uhu wuel an der Stad bréit... “E bréit awer op 900 Meter ewech. An do ass méi genee gekuckt ginn, wéi e sech verhält an ob mat Impakter ze rechnen ass. Dat gouf verneint, respektiv goufe Mesurë virgesinn, fir dat ze evitéieren. Wéi e Glas, datt d’Vullen net dra knuppen, déi néideg Beliichtung ass adaptéiert ginn, fir datt d’Fliedermais net gesteiert ginn. Et ass schonn eng Autorisatioun mat enger Rei Konditiounen, déi eis erlaabt hunn déi Conclusiounen ze zéien.”

Gilles Biver
Gilles Biver

Eng Ëmweltimpaktetüd, wéi de Syndikat se gefuerdert huet, misst iwwerdeems just bei grousse Projete wéi Deponien, Autobunnen oder Zuchstrecke gemaach ginn. Eng filigran Bréck, wéi déi di hei gebaut gëtt, géif net ënnert déi Gesetzgebung falen. De Gilles Biver huet nach präziséiert, datt eng Partie Beem missten ewech geholl ginn, déi dann awer op enger aner Plaz kompenséiert géife ginn.

Back to Top
CIM LOGO