De Beruff vum Archivist verlaangt vill Gedold, Organisatiounstalent an historeschen Interessi.
Archiviste ginn och ëmmer méi mat der Digitaliséierung konfrontéiert. Wärend d’Numerisatioun vun Dokumenter, beispillsweis d'Visionéiere vu Bildmaterial a Filmarchiven erliichtert, hale sech physesch Objete wéi Kassetten a Pabeier vill méi laang, wa se ënnert de richtege Konditioune gelagert ginn.
Mir duerfte verschidden Archivisten hei am Land bei hirem Alldag iwwert d’Schëller kucken.