Wéi ass d'Walcampagne an den Ae vun der Press verlaf? Wéi hu sech d'Parteien an hir Spëtzekandidate mediewierksam duergestallt?
Huet d'Press hir Roll an der Walcampagne esou gespillt, wéi se hätt missten - kritesch, fair an transparent?
Am Presseclub-Spezial e Freideg de Mueren goufen déi aktuell Walcampagnen analyséiert.
Um Dësch souzen:
d'Josée Hansen vum Land,
de Marc Schlammes vum Wort,
den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt,
d'Pia Oppel vum Radio 100,7,
de Luc Marteling aus der RTL-Internetredaktioun
an de Roy Grotz Chefredakter vum RTL Radio.
Moderatioun: Pit Everling
Rendez-vous fir de Presseclub Spezial war e Freideg de Moien um 8.15 Auer.