
Eigentlech war Déifferdeng, wéi déi meescht Gemengen am Süden, ëmmer eng Héichbuerg vun der LSAP. Dat 38 Joer laang bis dunn 1999 d’Sozialiste forcéiert waren e Koalitiounspartner ze sichen. Dat war d’DP. 2005 gouf et dunn een éischte Putsch. De Claude Meisch huet no enger Affär ronderëm een Audit iwwer d’Spidol zu Nidderkuer komplett d’Rudder iwwerholl an zwar mat der CSV an de Gréngen. Och bei de Gemengewalen 2011 louch d’DP mam Claude Meisch nach wäit vir. 2014 koum de Claude Meisch dunn awer an d’Regierung an dunn huet sech zu Déifferdeng e weidere Putsch ofgespillt. D’DP wollt nämlech de John Hoffmann als neie Buergermeeschter, mee dee war just 7. a lescht-Gewielten op der DP-Lëscht. Doropshin hu sech déi Gréng, d’LSAP an d’CSV beienee gedoen an d’Zigel vun der Märei iwwerholl.
2017 hunn déi Gréng bei de Gemengewalen ënnert der Féierung vum Roberto Traversini haushéich d’Wale gewonnen, mat 36 Prozent vun de Stëmmen, an duerno ganzer 7 Sëtz am Gemengerot. D’CSV koum deemools op ronn 20 Prozent a 4 Sëtz, d’LSAP op ronn 19 Prozent a 4 Sëtz. An d’DP no villen interne Streidereien op 12 Prozent a just 2 Sëtz.
Zanterdeem regéiert eng Majoritéit vun CSV-déi Gréng. Och déi lescht 6 Joer goufen et zu Déifferdeng allerdéngs grouss Changementer. De gréngen Deputé-Maire Roberto Traversini ass am Hierscht 2019 wéinst enger Affär ronderëm säi Gaardenhaischen an enger Naturschutzzon, fir déi net déi néideg Autorisatioune sollen do gewiescht sinn, zeréck getrueden. Doropshi koum d’Christiane Brassel-Rausch un d’Rudder. Si stellt sech dëst Joer awer net méi de Walen. D’Walen 2023 sinn also sou oppe wéi scho laang net méi.