"Mir brauchen endlech Iwwerwaachungskameraen zu Déifferdeng"
Am Face-à-Face en Dënschdeg goung et ëm d'Walen zu Déifferdeng.
Kloer ass: déi drëttgréisste Stad am Land kritt en neie Buergermeeschter oder eng nei Buergermeeschtesch. Am Studio géintiwwer souze sech den Tom Ulveling, éischte Schäffen an CSV-Co-Spëtzekandidat, an de Guy Altmeisch, Gemengeconseiller an ee vu 4 Spëtzekandidate vun der LSAP.
Sécherheetsproblem zu Déifferdeng
Och zu Déifferdeng ass d'Sécherheet e grousse Sujet, an do ware sech d'Invitéen eens: Kameraen an eng Mëschung aus repressiven a preventive Mesurë wieren néideg. D'Police-Präsens misst verstäerkt ginn, et bräicht eng besser Beliichtung a virun allem bräicht et och eng Approche vun ënnen erop, also méi Sozialaarbecht mat Streetworker, dem Office social, dem Job Center, Phoenix asbl asw. fir Jugendlecher mat Problemer ze hëllefen. Et misst een donieft och schonn an de Schoulen ufänken mat Preventiounsaarbecht sou den Tom Ulveling. D'CSV hat schonn an hirem leschten Walprogramm gefuerdert, fir Kameraen z'installéieren an deementspriechend huet den 1. Schäffe bedauert, dass se nach ëmmer net installéiert sinn. Et hätt ee sech net duerchgesat kritt, gëtt den Tom Ulveling zou. De Koalitiounspartner Déi Gréng géing bremsen. No der Affär Traversini géinge si mat gezunner Handbrems fueren. Hie géing net verstoen, dass een no 2,5 Joer nach ëmmer keng Autorisatioun vum Minister kritt hätt. An där Zäit hätt d'Stad Lëtzebuerg seng Kamerae verduebelt.
Och d‘LSAP géing zanter 2018 vehement eng Kamera-Iwwerwaachung fuerderen. Déi hätt sech am Ausland an an der Stad Lëtzebuerg bewisen. Doduerch wier d‘Kriminalitéit ëm 70 Prozent zeréckgaangen. "Firwat packe mir dat net op Déifferdeng?", sou de Guy Altmeisch. Besonnesch well och déi zoustänneg Police e positiven Avis dozou ofginn hätt. Donieft bräicht et awer eng participativ Sécherheetskommissioun, wou d'Bierger aus de concernéierte Quartiere matschaffen. Och de Sécherheetsplang misst ëmmer nees adaptéiert ginn, liewe bleiwen, sech upassen an net am Tirang leie bleiwen.
Dass et Preventioun an de Schoule brauch, do si sech de Guy Altmeisch an den CSV-Schäffen eens. Mee punkto Streetwork vum CollecDiff bräicht et Changementer. Et kéint net sinn, dass déi Leit just bis 18 oder 19 Auer schaffen. Do bräicht et Schichten a Flexibilitéit.
Logement: Projet Gravity
Déifferdeng ass an de leschte Joren enorm gewuess, bal 5.000 Awunner méi wéi 2017. Deementspriechend gëtt et och do e Manktem u Wunnengen. D'Gemeng wier proaktiv, sou den CSV-Vertrieder, deen de Projet Gravity – een Héichhaus mat 80 Wunnengen ervirgehuewen huet. D'Gemeng hätt donieft nach aner Projeten, wou ee Wunnenge kaaft huet an duerno versicht no Krittäre vu sozialer Mixitéit ze verlounen. Et wier déi éischte Kéier, dass enorm Zommen an esou Projeten investéiert goufen, sou den Tom Ulveling. Dat misst ee viruféieren. Donieft wéilt een och aner Wunnforme wéi Tiny Houses promouvéieren.
Fir d'LSAP misst d'Gemeng donieft um eegene Bauland bauen an d‘Wunnengen zum Entsteeungspräis verkafen. Net ze vergiesse wier awer och d'Renovéiere vun Haiser duerch d'Gemeng. Och esou kéinten nei Sozialwunnenge geschaaft ginn, ënnersträicht den Guy Altmeisch vun der LSAP.
Drëtte Sujet: Den Trafic
Den Duerchgangsverkéier ass d'Suergekand vun der Déifferdenger Gemeng punkto Trafic. D'Sozialiste fuerderen eng besser Koordinatioun vun de grénge Luuchten, déi den Duerchgangsverkéier steieren, eng Verkéiersberouegung a méi Plaz vir Vëlo a Foussgänger, sou de Guy Altmeisch.
D'CSV well ënnert anerem eng besser Koordinatioun vum ëffentlechen Transport. Den Tram à grande vitesse soll och net just bis op Bieles goen, mee och bis op Déifferdeng fueren an et bräicht méi Parkingen an e bessere Parkleitsystem, fuerdert den Tom Ulveling.