
Et ass eng Etüd vun der Unicef an der Uni Lëtzebuerg mam Numm “Covid Kids” presentéiert ginn, déi op Demande vun der CSV diskutéiert gouf. Aus dëser geet ervir, datt d’Wuelbefanne vun de Kanner tëscht 6 a 16 Joer wärend der éischter Covid-Well am Mäerz 2020 liicht erofgaangen ass. Wéi reagéiert een dorop?
D’Covid-Pandemie hätt keen allze groussen Impakt op d’Wuelbefanne vun de Kanner gehat, heescht et vun den Deputéierten. An den Etüde wier eng gewësse Resilienz vun dëse festgestallt ginn. Awer net eréischt zanter der Pandemie beschäftegt sech d’Politik mam Sujet Wuelbefanne bei Kanner a Jugendlechen. Och wann dës dozou bäigedroen hätt, datt Mesuren, fir d’Wuelbefannen ze verbesseren, méi séier ëmgesat ginn.
D’LSAP-Deputéiert Francine Closener zielt e puer vun dësen op: Zum Beispill soll d’Vertraue vun de Jonken an divers Servicer, wou si Hëllef kënne kréien, gestäerkt ginn. D’Enseignantë sollen iwwerdeems an der éischter Hëllef fir mental Gesondheet gestäerkt ginn.
“Nach geet et natierlech net duer, mee et gesäit een awer, datt dee Sujet vun der Santé mentale grad bei de Kanner a Jugendlechen an an der Politik ukomm ass. An datt de Ministère dat ganzt seriö hëlt.”
Den ADR-Deputéierte Fred Keup fënnt, et hätt een an de Schoule wärend der Pandemie gutt reagéiert. Besonnesch, wëll ee probéiert huet, dës esou laang wéi méiglech opzehalen. Ma hien hofft awer, datt bestëmmte Mesuren nach verdéift ginn:
“T’ass ëmmer schwéier un eng ganz Partie Elteren ze kommen, an grad un déi vun deene Kanner, déi Problemer hunn. Dat ass eppes wat ee misst verbesseren, wat awer grad ganz schwéier ass.”
Den CSV-Deputéierte Max Hengel ënnersträicht, datt een awer och an Zukunft misst d’Evolutioun vun den neie Mesuren am Aen halen, besonnesch, wëll d’Welt mat deene multiple Krise komplex bleift:
“Et muss een elo kucken: verbessert sech d’Wuelbefanne vun de Kanner an de Jonken? Mir dierfe jo net aus den Ae verléieren, datt déi lescht zwee Joer vun der Pandemie, an et kënnt elo och nach déi Situatioun vum Ukrain-Krich dobäi. Dat belaascht och déi Jonk, an d’Kanner mierken, datt et hier Eltere belaascht. An och dat huet en Effekt op déi mental Gesondheet.”
Deemnächst solle Forume fir Elteren organiséiert ginn, wou si Conseile kréien, wéi se Kanner a Jonker besser kënne begleeden. An och déi pedagogesch Equippe wiere verstäerkt ginn, betount de Max Hengel.