Den Inzidenzwäert vun de Leit, déi net geimpft sinn, läit, bei 283 pro 100.000 Awunner. Däitlech méi niddreg ass dee Wäert bei Leit mat Vaccin, do läit e bei knapp 140 op 100.000.
Vun den 29 Patienten, déi am Spidol op enger normaler Statioun sinn, sinn der 17 net geimpft. Op der Intensivstatioun haten 10 vun 13 Leit kee Vaccin.
Et goufen déi lescht Woch 5 nei Doudesfäll. Den Duerchschnëttsalter vun deene Mënsche läit bei 79 Joer.
Den effektiven Reproduktiounswäert geet weider an d'Luucht, mat 1,12 ass e liicht méi héich gewiescht wéi déi Woch virdrun.
Am meeschten Infektioune gëtt et bei Kanner a Jonken bis 14 Joer, also bei där Populatioun, wou d'Majoritéit sech net kann impfe loossen. Do sinn et 298 Fäll op 100.000.
An der Grondschoul "Millermoaler" zu Iechternach gouf et 29 positiv Fäll, tëschent dem 25. Oktober an dem 8. November. 14 vun 29 Klasse ware betraff, wéinst der Allerhellegevakanz hat dat keng Auswierkungen op d'Organisatioun vum Schoulbetrib.
Déi lescht Woch goufen eng 13.800 Dosissen Vaccin gesprëtzt.
419.166 Leit hunn e kompletten Impfschema. Dat si 75,8 Prozent vun der Populatioun iwwer 12 Joer.