Wocheréckbléck vun der SantéD'Zuel vun Otemwee-Infektioune geet weider erof

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Santé an hirem Wochebilan mellt, ass et bei de Corona-Infektiounen eng Baisse vu 34 Prozent par rapport zu der Woch virdrun.
© RTL-Grafik

Den Undeel vun deenen, déi sech net fir d’éischt ugestach hunn, ass vun 43 op knapp 46 Prozent geklommen. D’lescht Woch hu véier Mënschen eng Infektioun mam Coronavirus net iwwerlieft. 21 Leit koume wéinst Covid an d’Spidol, zwou Persoune waren op der Intensivstatioun.

D’Influenza-Infektioune sinn nach méi staark gefall, ëm 62 Prozent par rapport zu der Woch virdrun.

PDF: D'Schreiwes vun der Santé mam Wocheréckbléck 9. bis 15. Januar 2023.

Back to Top
CIM LOGO