"Extreem kritesch Phas"D’Zukunft vum Stolwierk vu Liberty Steel zu Diddeleng gesäit nach ëmmer moer aus

RTL Lëtzebuerg
An der Belsch sollt d’Justiz nach um Mëttwoch iwwert de Restrukturatiounsplang fir d’Wierker vu Léck decidéieren.

Et kéint zu enger Liquidatioun kommen, engem neien Delai oder eng Reprise. Vun där Decisioun hänkt d’Wierk zu Diddeleng of, well d’Galvanage-Fabrick hei am Land op Produite vu Léck ugewisen ass.

Wéi d’RTBF gemellt huet, fält eng Decisioun an den nächste 15 Deeg.

E kredibele Finanzéierungsprojet fir Diddeleng géing nach ëmmer feelen, do wier een an der “Sakgaass”, sou den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot an der Chamber. Dat op Nofro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar hin. Et géing awer weider no engem Repreneur gesicht ginn, mee méi dozou konnt oder wollt de Minister net soen. Et wier een nämlech an enger “extrem kritescher Phas”.

Datt Liberty Steel zu Diddeleng kee Chômage partiel kritt, dat wier am Konjunkturcomité decidéiert ginn, also zesumme mat de Gewerkschaften, sou de Franz Fayot. Et wier dem Wirtschaftsminister no un der Zäit gewiescht, datt Liberty Steel d’Paien nees selwer bezilt an et wier souwisou juristesch net méi méiglech gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO