
“Mir schaffen dodrun, mee et ass komplizéiert an dofir hëlt et seng Zäit”, esou de Chamberpresident Claude Wiseler am Interview mat RTL. Komplizéiert ass et, well Politiker ënnerschiddlech berufflech Hannergrënn hunn, mee och well et esouwuel d’Gehälter vun de Politiker beréiert, ewéi d’Fro vun den Duebel-Mandater.
En Enn vum Cumul vun de Mandater, esou ewéi de Marc Spautz proposéiert hat, ewéi hien nach CSV-Fraktiounschef war, géing d’Dir opmaachen fir de 40 Stonnen-Deputéierten. Aktuell sinn et just 20 Stonnen. D’Kolleege vun der Wochenzeitung d’Land a vu Reporter.lu hunn awer gemellt, datt seng eege Partei d’CSV an hire Koalitiounspartner d’DP op d’Brems gedréckt hunn.
Fir de Chamberpresident a Parteikolleeg vum Marc Spautz, de Claude Wiseler, ginn et Argumenter dofir an dogéint, mee e Vollzäit-Deputéierten wier nach ëmmer d’Zilsetzung. Ewéi d’Land geschriwwen huet, géingen awer d’Parteien hir Positioun zu den Duebel-Mandater ewéi e Kalzong auswiesselen: wann eng Partei méi Député-Maires oder Echevins hätt, dann ass se géint d’Trennung vun de Mandater. An da riskéiert alles beim Alen ze bleiwen.
Deputéiert sollen dem Chamberpresident no dann och “gutt Leit” sinn a vun “allen Zorten”. Dofir soll fir Deputéiert, déi ofgewielt ginn, eng Reintegratioun an de fréiere Beruff méiglech sinn, seet de Chamberpresident, dee selwer Minister war an iert en 2013 nees Deputéierte gouf, säi Posten als Premier Conseiller du gouvernement zeréckkrut. Eng Praxis, déi d’Gesetz iwwert d’Gehälter an der Fonction Publique virgesäit an op déi de Georges Mischo och zeréckgegraff huet. Am Géigesaz zum Claude Wiseler huet hien awer eng Promotioun kritt, well hie war virdrun Turnproff.
Am Gespréich mat aneren Ex-Ministeren an Deputéiert versteet een ëm wat et geet: an d’Chamber oder an d’Regierung goe wier nieft vill Aarbecht a Responsabilitéit géintiwwer der Ëffentlechkeet och e beruffleche Risiko. Fir Beamten, déi an d’Chamber kommen, steet manner um Spill: Beamten an Deputéierte sinn ass inkompatibel, dowéinst gi Beamte wärend dem Mandat ganz fräigestallt a kréien nieft der hallef besteierter Deputéierten-Indemnitéit vu ronn 9.000 Euro a Jetonen en Deel vun hirer Pai. Gi se ofgewielt, kréie se hire Posten zeréck.
Fir Leit aus dem Privatsecteur an Independante kann et awer “reell Problemer” ginn, esou de Claude Wiseler. Salariéë kréie wärend dem Mandat, nieft der Deputéierten-Indemnitéit, just 20 Stonnen d’Woch Congé politique. An anere Wieder: se kréien hire Salaire weider, mee den Employeur kritt d’Hallschent vum Salaire vun der Chamber zeréck. Independante kréien en Traitement d’attente an Héischt vun zwee Mol dem Mindestloun. De Claude Wiseler werft d’Fro op vun engem Dokter, dee säi Cabinet wëll weiderféieren, dem Bauer, dee säi Bauerenhaff muss weider bedreiwen oder vum Salarié, deen net méi kann zeréck bei säi fréieren Employeur schaffe goen.
Laut Reporter.lu hätt eng nei Propos Iwwergangsgelder vun engem Mount pro Mandat-Joer virgesinn. Un der Diskussioun iwwert den Deputéierte-Statut hänkt iwweregens och d’Fro, ob weiderhin just d’Hallschent vun der Indemnitéit vum Deputéierte besteiert soll ginn, esou ewéi déi fir Regierungsmemberen oder Membere vum Staatsrot. De Chamberpresident “gesäit” wat d’Aarbecht vum Deputéierten ass an am Kader vun der Diskussioun iwwert e 40-Stonnen Deputéierte géing sech “evidenterweis” d’Fro vun de Steiere stellen.