
Wéi d'Police mellt, ass op der Héicht vun dem Schantjen am Eecher Bierg ee Mann op sengem E-Bike ze no un den Trottoir erugefuer - et wier nämlech een Auto him ze no hannendrop gefuer. De Cyclist ass, nodeems en ebe mat dem Trottoir a Beréierung koum, gefall an huet sech dobäi schwéier um Kapp verwonnt.
De Blesséierte gouf direkt an d'Spidol bruecht.