Egal ob Tëlee, Radio oder Internet – de ganzen Dag iwwer hu mir Iech mat den aktuellsten Informatioune gefiddert. Ronn 130 Leit sinn dofir mobiliséiert ginn: vu Redaktioun, iwwer Maquillage, bis Technik. Kommt mat hannert d’Kulisse vun der RTL City an entdeckt wéi esou eng Marathon-Sendung op d’Bee gestallt gëtt, a wéi déi Leit virun an hannert Kamera a Mikro den Dag erlieft hunn.