Wéi den 112 mellt, koum et e Méindeg géint 17:19 Auer an der Rue de l'école zu Kanech zu engem Accident. Op dëser Plaz hate sech en Auto an e Moto ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Réimech.