
Wéi eng Patrull vun der Police op d’Plaz gefuer ass, hu si de Chauffer, deen amgaange war am Won ze schlofen, ugetraff. Den Alkoholtest war positiv an dem Mann säi Führerschäi gouf agezunn.
Um 2.45 Auer en Donneschdeg de Moie war dann eng Patrull vun der Police op e Gefier opmierksam ginn, dat mat héijer Vitess duerch d’Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg gefuer ass. Och hei hat sech bei der Kontroll erausgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat an d’Beamten hunn de Fürerschäin agezunn.
Iwwerdeems hat d’Police e Mëttwoch den Owend op verschiddene Plazen ordonéiert Alkoholkontrolle gemaach. Dat zu Keespelt, zu Menster, um Briddel an zu Mënsbech. Am Ganze goufe 404 Chauffere kontrolléiert. Zweemol war den Test positiv an et gouf e Procès-verbal respektiv en Avertissement taxé ausgeschwat. Iwwerdeems konnten 3 Chauffere keng Steiervignette virweisen an zweemol war de Contrôle technique ofgelaf.