
En huet d’Pompjeeë geruff, ma wéi déi bis op der Plaz waren, stoung den Auto scho komplett a Flamen. Den Auto ass bis op de Blech erof ofgebrannt. Et gouf kee blesséiert. D’Pompjeeë vun Éiter waren am Asaz.
Dësen Tëschefall hat an de Moiesstonnen och Auswierkungen op den Trafic.
En Accident, deen och nawell fir vill Stau gesuergt huet, war dee géint 7.25 Auer am Houwalder Tunnel. Hei waren 2 Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf hei verwonnt. D’Pompjeeën aus der Stad a vu Sandweiler waren op der Plaz, grad ewéi déi Stater Ambulanz.
Géint 10.30 Auer hat et dunn nach um Wandhaff gerabbelt. Och hei waren 2 Autoen anenee gerannt an eng Persoun gouf blesséiert. D’Pompjeeë vu Stengefort an d’Ambulanz vu Mamer goufen an den Asaz geruff.
Kuerz no 11 Auer koum et an der Strooss Am Weierchen zu Diddeleng zu engem Accident tëscht engem Bus an engem Auto. Duerch d’Kollisioun gouf de Won géint e Stroosseschëld geschleidert. De Buschauffer an déi 12 Passagéier am Bus goufen net blesséiert. Den Automobilist gouf no der Éischtversuergung op der Plaz fir eng weider Behandlung an d’Spidol bruecht. E Constat gouf ausgefëllt.