Ma, et ass awer net déi éischte Kéier, datt Lëtzebuerg mat engem Tornado ze dinn huet:

Den 3 Juni 1999 ginn d'Awunner an der Rue Aneschbaach zu Wolz vun engem Tornado iwwerrascht. Eng ganz Rëtsch Haiser ginn schwéier beschiedegt, Diecher gi vum Stuerm ofgedeckt. E Kilometer weider suergt den Tornado um Camping Kaul fir Panik. Zelter ginn ewechgeblosen, d'Roulotten ginn mat den Leit dran duerch d'Loft geschleidert. Vill Zerstéierung, ma blesséiert gëtt zu Wolz keen.

9 Joer virdrun am Juli 1990 war am Norden vu Lëtzebuerg e weideren Tornado ënnerwee. Dëst d'Kéier zu Schlënnermanescht an an der Ëmgéigend. Eng ganz Partie Bauerenhäff an Eefamilljenhaiser ginn zum Deel schwéier beschiedegt. Den Tornado rappt deemools Masten mat Leitungen ëm, 100. Beem ginn entwuerzelt. Et ass kengem eppes geschitt.

Méi uerg dogéint war den Tornado, deen den 20. September 1982 en belscht Duerf 15 Kilometer hannert der Grenz getraff huet. An der Uertschaft Léglise bei Neufchâteau ginn 8 Mënschen blesséiert, 123 Haiser ginn deels komplett zerstéiert.