DPE Gemengewalkongress mat déif bloem, nationalem Flair

Monique Kater
Um Kongress vun der DP zu Esch stoungen net d'Gemengen, mä d'Nationalpolitik am Mëttelpunkt.
DP-Gemengewalekongress
Um Kongress vun der DP zu Esch stoungen net d’Gemengen, mä d’Nationalpolitik am Mëttelpunkt.

Visioune vum Staatsminister

De Xavier Bettel huet iwwer seng Visiounen, fir en eventuell nächst Mandat als Staatsminister geschwat, dat hien net ëm all Präis a fir Muecht ze hunn, géif untrieden. Eng Nominéierung als Spëtzekandidat géif hien op alle Fall houfreg maachen, sou de Premier, dee vun Aarbechtszäitverkierzung an enger Ierfschaftssteier, déi een eng zweete Kéier bezuelen deet, näischt wëll wëssen.

Réckbleck op stiermesch Zäiten

Mam Parteipresident Lex Delles gouf et zu Esch Luef fir déi Blo Politik aus de leschte Joren. Och a stiermeschen Zäiten hätt d’Regierung den Equiliber gesicht tëscht individuelle Rechter an der Santé publique, tëscht enger Ënnerstëtzung vu Betriber a gesonden ëffentleche Finanzen.

Blo Iddie fir muer

Opruff fir en Effort national am Logement an Tiers payant fir staatlech Subventiounen an den erneierbaren Energien.

Et soll een als Bierger an e Fong kënnen investéieren, wouduercher méi finanziell Mëttel, fir d’Schafe vu Wunnraum kënnen deblockéiert ginn. De Bierger kréich dann e garantéierte Rendement fir säin Invest.

An Zukunft soll een net méi musse virfinanzéieren, wann een zum Beispill eng Photovoltaik-Anlag wëll installéieren, mä op der Rechnung sollen d’Subventioune schonn ofgerechent sinn. Kee Virstrecke méi a kee Waarden op Subventiounen.

Gemengewalslogan “No bei dir”

D’Campagne fir d’Gemengewalen iwwerschreiwen déi Liberal mat “No bei dir”, d’Liewen an de Gemenge soll besser ginn. Hei sinn et déi bekannten Angles d’attaque, vu Mobilité douce bis bei den Eenzelhandel, dee misst attraktiv ginn. “No bei dir” wier geliefte Politik an en DP-Verspriechen un d’Mënschen aus dem ganze Land.

© DP

D’DP geet den 11. Juni mat 630 Kandidaten a mat 48 Lëschten an d’Walen an zielt den Ament 18 Buergermeeschteren an 177 Mandatairen an de Gemengen.

Back to Top
CIM LOGO