39. LéiffrawëschdagE Kraider-Bouquet fir de gudden Zweck

Diana Hoffmann
En Dënschdeg gouf am Zentrum vu Greiweldeng de Léiffrawëschdag gefeiert. Eng 4.000 bis 5.000 Visiteure waren erwaart ginn.

D’Preparatioune vum Fest waren e Méinden de Moie scho voll amgaangen. 110 Wësch goufen am Zentrum vum Duerf gebonnen. “De Wësch besteet aus enger 30 Kraider”, erkläert den Erny Konsbrück, wärend en e Strauch bënnt. Ma och Geescht, Kar, Huewer, Weess, eng Zwiwwel an eng Muert gehéieren dran.

39. Léiffrawëschdag - E Kraider-Bouquet fir de gudden Zweck
En Dënschden gouf am Zentrum vu Greiweldeng de Léiffrawëschdag gefeiert. Eng 4.000 bis 5.000 Visiteure waren erwaart ginn.

Fréier waren et déi eeler Leit, déi hiren eegene Wësch doheem gebonnen hunn. Haut sinn et ënner anerem Leit aus de Veräiner, déi hëllefe kommen, d’Traditioun oprecht ze erhalen. Aus de Privatgäert a vun de Wisen huet een d’Kraider gesammelt. “Vu Juni u si mer kucke gaangen, wou ee wat fënnt”, erzielt d’Nadine Hau vun der Associatioun Greiweldenger Leit. Nodeems d’Wësch gebonne waren, goufe se dann en Dënschdeg op Maria Himmelfaart an der Kierch geseent.

“Nodeems de Wësch geseent war, gouf e soss ëmmer an de Stall gehaangen”, erzielt de Fernand Kieffer, President vum Organisatiounscomité. Wann d’Zwiwwel dann ausgeschloen ass, huet dat bedeit, dass dem Bauer säi Véi viru Krankheete geschützt wier. Wann een am Haus dat Joer gestuerwen ass, wier de Wësch mat an d’Lued geluecht ginn.

Haut hunn awer just nach déi mannst e Stall, wou de Wësch kann opgehaange ginn. Trotzdeem konnten d’Visiteuren en Dënschdeg ee Strauch mat Heem huelen. Dës sinn nämlech fir de gudden Zweck verkaaft ginn. Fir déi meescht Leit haut huet de Wësch awer just nach dekorativ Zwecker. Ma deen een oder aneren hätt villäicht den Hannergedanken, dass en awer doduerch geschützt gëtt, mengt d’Nadine Hau. Dëst Joer wäerten d’Sue vum Verkaf der Wonschkutsch ASBL zegutt kommen. Eng Associatioun, déi kranke Leit hire leschte Wonsch erfëllt.

Léiffrawëschdag: Preparatioun an Traditioun / Reportage Diana Hoffmann

D’Traditioun vum Wëschbanne gëtt et schonns zanter enger 100. Joren. Ma neit Liewe krut dës zu Greiweldeng nees zanter 1984. “De Wësch war den Ophänkert fir déi al Bräich nees opliewen ze loossen”, erkläert de Fernand Kieffer. Dat nodeems d’Baueren an d’Wënzer am Duerf ëmmer méi um Verschwanne waren.

Wou d’Fest am Ufank ofgehale gouf, hätt een och nach selwer gedrescht a beim Wënzer wier gewise ginn, wéi geprafft ginn ass. Déi eeler Leit hätten dat nach alles kannt. Haut wieren et och besonnesch vill Nei-Greiweldenger, déi géingen hëllefen, dofir ze Suergen, dass d’Fest och weiderhin ofgehale gëtt.

Back to Top
CIM LOGO