Gemeng FëschbechE Méindeg gouf een neie Schäfferot zesummegesat

RTL Lëtzebuerg
Wéinst enger "Inkompabilitéit" mat senger Aarbechtsplaz kann den Zweetgewielte Pitt Kirtz d'Mandat vum 1. Schäffen net unhuelen.

Deemno misst an der Gemeng Fëschbech een neie Schäfferot zesummegesat ginn, iwwerdeems de fréiere Conseiller Kevin Olinger fir de Pitt Kirtz an de Gemengerot noréckelt. E Méindeg den Owend ass den neie Schäfferot zesummegesat ginn.

An engem Communiqué deelt d’Gemeng mat, datt de Lucien Brosius weiderhin de Buergermeeschterposten iwwerhuele wäert. Den Drëttgewielte Daniel Moura wäert 1. Schäffe ginn, wärend de Sechstgewielte Laurent Schiltz 2. Schäffe gëtt. Déi fréier Buergermeeschtesch a Véiertgewielte Marianne Brosius-Kolber iwwerhëlt deemno kee Schäffeposten.

Den 28 Joer ale Pitt Kirtz weist sech op de soziale Medien enttäuscht a seet senge Wieler Merci fir d’Vertrauen, dat se him wollte ginn. De Pitt Kirtz schafft fir den “ORT Mullerthal la Petite Suisse Luxembourgeoise”, eng ASBL, an där d’Gemeng Fëschbech Member ass. Deemno dierf hien, esou laang hien do schafft oder d’Gemeng Member ass, säi Mandat net unhuelen, esou den Inneministère.

PDF: Communiqué de presse Commune de Fischbach

Back to Top
CIM LOGO