PéitrussdallE Méindeg starten d'Renaturéierungsaarbechten um zweeten Deel

Monique Kater
Bannent deenen nächsten zweeanenhallef Joer wäert d'Péitrussdall säi Gesiicht veränneren.
E Méindeg starten d'Renaturéierungsaarbechten um zweeten Deel
Bannent deenen nächsten zweeanenhallef Joer wäert d’Péitrussdall säi Gesiicht veränneren.

Déi grouss Badettie solle wa méiglech stoe bleiwen, erkläert de Spezialist dem zoustännege Schäffen. Wéi den Dall vun der Neier Bréck aus bis bei d’Semois Strooss ausgesi wäert, ass op Pabeier gemoolt.56 Beem kéime fort, do géifen och esou kleesperer matgezielt, zwee probéiert een ëmzeplanzen.

Eng deier Affär, déi dacks net reusséiert. Am éischten Deel, vum Minigolf bis bei d’Nei Bréck, wiere vill méi Beem ofgeholzt ginn, gëtt präziséiert. Betraff wier am méi wëllen Deel ëmmer eng Säit, zum Beispill déi vum historesche Bongert. D’Uebstbeem wieren um Enn, erkläert de Yann Thill vum Stater Service des Parcs. Et géif een nei Quetschebeem setzen, méi no hannen axéiert, an och weider grouss Beem. Et kéimen der méi bäi, wéi fort.

D’Mauere kommen ewech, d’Péitruss gëtt aus dem Bëtons-Bett gelooss, dat dem Drock net kéint duerhalen. Domat géint d’Vitesse vun der Baach erof an et kréich een d’Héichwaasser wéinstens e bëssen a Kontroll.

Vu Bluttsëffer iwwer klinzeg Fësch, bis op grouss Forellen

D’Spezialiste vu Stad a Staat stinn zu 100 Prozent hannert dem Projet, confirméiere si a verweisen op den éischten Deel Renaturéierung, wou d’Konzept opgaange wier. Klinzeg Fësch amplaz Bluttsëffer an duerno Forellen.

Stéchwuert Biodiversitéit: De Stater CSV-Schäffe Maurice Bauer gesäit am Projet Péitruss-Renaturéierung e Plus fir Mënsch an Natur. De Claude Prim vum Waasserwirtschaftsamt weess, dass et heimadder net gedoen ass. Et géif iwwer weider Renaturéierungen nogeduecht ginn.

Iwwer Hollerech eraus zum Beispill wat d’Péitruss ugeet, mee och un der Uelzecht misst geschafft ginn. An och a punkto Kanalisatioun, dat heescht Toiletten, déi falsch ugeschloss sinn an ongekläert an d’Péitruss lafen, bleift nach esou munchen Effort ze maachen.

D’Aarbechten daueren op d’mannst zwee an en halleft Joer. Weider Informatiounen vun der Stad Lëtzebuerg fannt Dir hei.

Esou soll et geschwënn am Péitrussdall ausgesinn.
Esou soll et geschwënn am Péitrussdall ausgesinn.
© Lindenkreuz Eggert

Neies aus der Stad: Péitruss-Renaturéierung geet elo an déi 2. Phas, Lift bei Gëlle Fra “on hold”

Back to Top
CIM LOGO