
Dat hunn d’Vertrieder vun der Stater Gemeng an den Ëmweltministère um Méindeg op enger Pressekonferenz matgedeelt.
Nodeems de Kanal vum Gronn bis ongeféier ënner d’Nei Bréck ofgebaut gouf, fir der Baach nees en natierlecht Bett ze ginn, geschitt dat selwecht elo fir den Deel bis bei d’Antwerpener Strooss beim Garer Quartier, respektiv Hollerech.
D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet den ekologeschen an ästhetesche Virdeel vum Projet ervirgestrach, mee och de besseren Héichwaasserschutz, deen d’Renaturéierung géing mat sech bréngen.
56 Beem mussen zwar ëmgehaen, respektiv zwee ëmgeplanzt ginn, mee de Schäffe Maurice Bauer huet betount, datt eng Rei dovunner souwisou net gesond wieren. Se géingen awer och all kompenséiert ginn an et kéimen der esouguer bäi. Hien huet donieft drun erënnert, datt d’Stad Lëtzebuerg déi nächst Joren 30.000 nei Beem wëll planzen.
De Schäffe Patrick Goldschmidt huet sengersäits erkläert, ewéi Deviatioune fir de Chantier wäerten ausgesinn: d’Vëlospist duerch d’Péitruss gëtt iwwer d’Rue de la Semois (hannert der BIL) eropgeleet. Aus Sécherheetsgrënn gëtt d’Zirkulatioun fir d’Gefierer an där Strooss à sens unique Richtung Gare.

D’Ausschreiwunge fir d’Renaturéierung solle ganz geschwënn erausgoen. E geneeën Datum gouf net genannt. D’Beem ginn awer schonn dëse Mount gehaen, well dat dem Gesetz no just bis Enn Februar erlaabt ass.
Am ganze soll de Chantier zwee an en halleft Joer daueren a viraussiichtlech 15 Milliounen Euro kaschten. Mam éischten Deel vun der Renaturéierung vun der Péitruss kéim een op ronn 40 Milliounen Euro, wouvunner de Staat bal d’Hallschent iwwerhëlt, iwweregens deelweis iwwert Kreditter vun der europäescher Investitiounsbank.
Den Ëmweltminister a fréiere Stater Schäffe Serge Wilmes huet iwwerdeems e Renaturéierungsdësch mat den ëffentlechen Acteuren, dorënner d’Gemengen, mee och mat concernéierte Privatleit fir den Hierscht ugekënnegt. En huet eng Finanzéierung vum Staat vu bis zu 90% - “dat variéiert” - an Aussiicht gestallt.
D’Lydie Polfer huet gegeckst: “Dir maacht ons Hoffnung, datt mir net nëmme bei 50% bleiwen, mee bis op 90% kënne goen... dat ass net op daf Ouere gefall”. Si sot awer, si wiere scho ganz zefridde mat deem, wat de Staat der Stad schonn zougesot huet.
Aus dem Projet vun engem Lift vun der Plaz bei der Gëlle Fra erof bei d’Péitruss gëtt fir den Ament näischt. D’Lydie Polfer huet op Nofro hin eng Rei technesch Komplexitéiten an e Risiko fir d’Stadbild bei de verschiddene Variante genannt. Et géing och iwwert eng nei Plaz fir de Lift nogeduecht ginn.
