Vun 9 Auer u war an der Stad déi 93. Editioun vun der Braderie. D’Braderie ass einfach net méi aus dem Kalenner vun der Stater Geschäftswelt ewechzedenken. Alles u Summerwuer kënnt e Méindeg ënnert den Hummer, well d’Lagere musse geraumt ginn. 250 Geschäftsleit aus der Stad a vun der Gare hunn hir Dëscher a Stänn mat der Wuer virun d’Dier geréckelt a fatzeg Prozenter reene gelooss. RTL war wéi ëmmer am Häerz vun der Stad.
Mä nieft de Geschäftsleit haten och déi politesch Parteien hir Stänn opgeriicht. Aacht Parteie ware vis-à-vis vun der Plëss vertrueden, dat e puer Méint virum Start vum Lëtzebuerger Super-Wal-Joer mat Gemengen- a Chamberwalen.