RTL-InformatiounE Mëttwoch ass kee Regierungsrot aberuff ginn

RTL Lëtzebuerg
De Premier Xavier Bettel hat jo d'lescht Woch an der Chamber ee "Moment de vérité" fir Mëtt der Woch ugekënnegt.

Eisen Informatiounen no ass kee Ministerrot fir e Mëttwoch aberuff ginn.

De Xavier Bettel sot "Mëttwoch oder Donneschdeg" géing d'Regierung de Point maachen iwwert d'Situatioun ëm de Covid an decidéieren, ob weider Mesuren néideg sinn oder net.

D'Regierung preparéiert zanter dem leschte Weekend eventuell Mesuren, falls d'Situatioun sech géing verschlechteren.

"Wa mer e Mëttwoch géifen en Text unhuelen, wier ech frou wann, deen de Samschdeg kéint gestëmmt ginn", hat de Premier och e Samschdeg um 100,7 gesot. Wann dat net geet, da misst een iwwert den Etat de crise diskutéieren, esou de Xavier Bettel. Fir d'Fraktiounscheffin vun der CSV, d'Martine Hansen, kënnt en Etat de crise awer net a Fro.

Xavier Bettel: En Etat de crise soll wa méiglech evitéiert, ma kann net ausgeschloss ginn
Martine Hansen: Chamber ass funktiounsfäeg, en Etat de crise kënnt net a Fro

Back to Top
CIM LOGO