Am LokalenE Mëttwoch huet et op 3 Plazen am Land gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, hat et e Mëttwoch tëscht Ettelbréck a Grentzen, zu Nidderaanwen an zu Esch gebrannt.
© RTL Archivbild

Um CR345, tëschent Ettelbréck a Grentzen, huet kuerz virun 18 Auer Gesträich gebrannt, zu Nidderaanwen an der Rue de Mensdorf stoung géint 20 Auer eng Schminni a Flamen.

Zu Esch an de Cité Ceca huet um 23.15 Auer en Auto gebrannt. D’Feier huet an de Garagen e liichte Schued ugeriicht.

Et ass néierens engem eppes geschitt.

Alkoholkontroll vun der Police

Tëscht 18 an 20.30 Auer gouf op Uerder vum Parquet eng Alkoholkontroll zu Steesel an zu Heeschdref duerchgefouert. 495 Automobilisten hu misse blosen. 6 Mol ass den Test positiv ausgefall, 1 Persoun huet hire Permis missen ofginn.

2 Permisen agezu wéinst Alkohol um Steier

En Donneschdeg de Moie koum enger Patrull tëscht Téiteng a Rëmeleng e Gefier am Zickzack entgéint. De Chauffer krut bal de Won vun der Police ze paken. Wéi sech erausgestallt huet, hat den Automobilist sech alkoholiséiert hannert d’Steier gesat. De Permis gouf agezunn.

Zu Diddeleng an der Route de Thionville huet eng Persoun géint 4.20 Auer d’Kontroll iwwert hiren Auto verluer an ass géint eng Mauer gerannt. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Fürerschäi fort. De Chauffer koum mat liichte Blessuren an d’Spidol. Beim Auto koum et zu engem Totalschued.

Back to Top
CIM LOGO