Prozess an der Affär Bianka BisdorffE Mëttwoch hunn d'Mamm an eng Frëndin vun der Ugekloter ausgesot

Diana Hoffmann
Déi Ugeklote wier e gutt Kand gewiescht, sot hir Mamm e Mëttwochmëtten. Si hätt fir Aide soignante geleiert.
© Archivbild

Aussoe vun der Mamm vun der Ugekloten / Rep. Diana Hoffmann

Ausserdeem hätt si an de Schoulvakanzen an engem Altersheem geschafft. Dunn hätt si de spéidere Papp vun hire Kanner kennegeléiert an hir Ausbildung ofgebrach. Vun do un hätt si näischt méi vun hirer Duechter héieren, bis dës fir d’éischt Kéier schwanger war. Dono gouf et just sporadesche Kontakt. “Hatt huet sech ëmmer just gemellt, wann et eppes gebraucht huet”, esou eng vun den Aussoen.

Och wéi d’Bianka bis op der Welt war, nom 6. Juli 2015, stoung hir Duechter nees plëtzlech virun hirer Dier. Awer ni mam Puppelchen. Wann d’Mamm da gefrot huet wou dëse wier, hätt si hier einfach an d’Gesiicht gelaacht. Zanter datt d’Bianka offiziell als vermësst gëllt, huet si déi Ugekloten net méi gesinn. Si wousst e Mëttwoch och net, ob dës nach am Prisong wier oder net.

Och d’Tatta vun der Ugekloter huet ausgesot. Si hätt an de Jore virum Verschwanne vu Puppelchen nach vill Kontakt mat hirer Niess gehat. Ma dat wier laang hier, si hätt net iwwert déi lescht Schwangerschaft mam Bianka Bescheed gewosst. Esou laang hätt si deemno Näischt vun der Ugekloten héieren.

U vill Detailer wollt sech dann eng fréier gutt Frëndin vun der Ugekloter erënneren. Op d’Fro vun der Riichterin, wéi hir Frëndin dann sou war, seet si: “Mat mir war et ëmmer fein, ni aggressiv”. Et hätt een awer esou mann wéi méiglech iwwer d’Kanner geschwat. Si hätt d’Bianka awer zwee Mol no der Gebuert gesinn. Déi éischt Kéier Doheem bei der Ugekloter. “De Bëbee huet an enger Bidde fir Puppelcher geschlof. Et war knaschteg bei hinnen doheem. Se haten net emol eng Kutsch”, erzielt si. Déi zweet Kéier wier déi Ugekloten da mam Bianka bei hir doheem gewiescht. Si wier mam Puppelchen an engem eidele Rucksak bei si komm. No engem Kaffi wier si nees gaangen an eng Stonn méi spéit mat engem volle Rucksak an ouni Puppelchen erëm komm.

Et schéngt awer net esou ze sinn, wéi een hei kéint unhuelen. Och wann ee beim Datum vun dësem Treffen net ganz sécher ass.“vum 12. Juni gëtt et eng Foto mam Puppelchen an engem Bistro”, esou de Procureur. Deemno wier et onwarscheinlech, dass de Puppelche kéint am Rucksak gewiescht sinn, well een dovunner ausgeet, dass dës Renconter den 11. Juni 2015 war.

Als Rappell: De 15. Juni 2015 haten dräi Gemengenaarbechter déi Ugeklote mat enger Decken, an där méiglecherweis de Bëbee war, bei engem Weier zu Lénger gesinn. Zanter Ufank Juli 2015 gëllt d’Kand offiziell als vermësst. Déi wéinst Mord an Doudschlag ugeklote Mamm hëlt op fräiwëlleger Basis net um Prozess deel.

Back to Top
CIM LOGO