
Mat enger neier Campagne wëll de Service "Riicht eraus" d'Täter dozou appelléieren, sech Hëllef ze sichen. Doduerch soll verhënnert ginn, dass een an extreme Situatiounen op d'Gewalt zeréckgräift. Eng Campagne, déi d'Ana Pinto, eng betraffe Fra, prinzipiell begréisst. Mee wat brauch ee selwer, wann een am Däiwelskrees Gewalt am Stot gefaangen ass? Si huet dem Monica Camposeo hir Geschicht uvertraut.
"Bal 10 Joer war ech do. Awer eréischt, wéi hien un d'Kand gaangen ass, huet et Klick gemaach. Do war et, wéi wann ech aus engem béisen Dram erwächt wier a mir gesot hunn, dat do geet guer net. An do hunn ech da wierklech mäi Kand geholl an ech hunn am Fong gelunn a gesot, ech géing kuerz fortgoen an direkt erëmkommen. An ech hu just mäi Jong geholl a sinn ni méi erëmkomm."
Haut engagéiert sech d'Ana Pinto oppe géint Gewalt am Stot. E gesellschaftleche Problem, deen och an de Strukture verankert ass, wéi si fënnt. A ville Fäll, déi si och wéinst hirem Engagement gezielt kritt, géing de Mann lues a lues versichen, d'Partnerin ze isoléieren.
"Dat ass eben och e ganz ganz grousse Problem vu ganz ville Fraen, well si einfach net wësse wouhin. Ech hat Chance well ech ni opgehalen hu mat schaffen, obschonn hien dat wollt. Mee et si vill Fraen, déi ebe Kanner kréien an dann doheem bleiwen, an déi hunn da finanziell iwwerhaapt kee Moyen fir fort. Well d'Fraenhaiser si voll. En Hotel kann een net bezuelen. Zu der Famill huet een am Fong net méi vill Kontakt. An et dierf een ni vergiessen, et schummt ee sech onwarscheinlech fir ze soen, wat dobaussen ass. Well ganz oft no bausse gesäit d'Bezéiung ganz schéin aus, mee bannen ass et dann ganz anescht."
D'Ana Pinto krut Blummen op d'Aarbecht geschéckt, hiert Ëmfeld huet si fir d'Bezéiung beneit. E ganze Konstrukt, dee sollt verhënneren, dass een hir gleeft:
"Wat ganz wichteg ass, ass, dass een engem gleeft. Dat ass dat, wat engem, mengen ech, wierklech feelt. Well et geet ee riets a lénks bei Leit, sief et Justiz oder d'Police an et schummt ee sech onwarscheinlech. An ech hat dat Gefill, an ech weess och vu villen anere Fraen, déi genee dat nämmlecht soen, dass een d'Gefill huet, sech blousszestellen an dass engem net richteg gegleeft gëtt."
Si bedauert och, dass sech ni een agemëscht huet. Op der Aarbecht hat si och am Summer laang Kleeder a Schalen un. Och vun de Noperen hätt si sech gewënscht, dass een net ewech gekuckt hätt.
"Mir hunn oft haart gestridden, et si Saache geflunn, ech hunn och gejaut an d'Fënstere waren op. Dat heescht d'Noperen hunn et awer matkritt. Mee et ass ni een, deen d'Police geruff huet."
Bei der Police war si e puer Mol. Well bei enger Plainte awer natierlech de Mann kontaktéiert gëtt, huet si aus Angscht d'Plainte ëmmer erëm zeréckgezunn.
"Dann hat ech awer eng aner Kéier ee ganz ganz léiwe Polizist, dee mir wierklech nogelauschtert huet wärend bal, mengen ech, 4 Stonnen. An dee mir dann och gesot huet, dat do geet net, hie géing alles un de Parquet schécken. Ganz vill Saache ware leider verjäert a ganz vill Saache ware classés sans suite vum Parquet aus."
Wann aus den Dossieren ervirgeet, dass déi nämmlecht Persoun ëmmer erëm eng Plainte wéinst haislecher Gewalt gemaach an zeréckgezu gëtt, missten d'Police an d'Justiz méi opmierksam sinn, fuerdert déi betraffe Fra.
Hiren Ex-Mann ass an drëtter Instanz fir schëlleg gesprach an zu enger Geldstrof verurteelt ginn. Eng Zomm, déi fir d'Ana Pinto mol net duergaangen ass, fir d'Geriichtskäschten ze decken.
"Am Fong wéinst de Sue mécht een dat net. Et ass einfach, dass een déi Genugtuung huet an einfach gesot kritt, mir hunn Iech gegleeft. Mir gleewen Iech, mat all deene Beweiser an all deene Fotoen. Jo, hien huet Iech eppes gedoen a mir hunn Iech gegleeft."
Wéi vill Leit an enger änlecher Situatioun sinn, wéi déi, déi d'Ana Pinto huet missen duerchmaachen, ass wéinst der Donkelziffer net ze soen. Ma eleng an dësem Joer goufen et 187 Expulsiounen. Zejoert waren et der 278, dovunner waren 18 Prozent schonn emol wéinst haislecher Gewalt expulséiert ginn.
Mat den Täter schaffen, fir ebe Gewalt ze prevenéieren oder fir dass et net nach emol dozou kënnt. Dat mécht de Service "Riicht Eraus" och am Fall vun Expulsiounen. Da muss d'Persoun, déi vun der Police vun doheem fortgeschéckt gëtt, bannent 14 Deeg Kontakt mam Service ophuelen. Wann eng Persoun dat net mécht oder net op e Rendez-vous fir d'Berodung kënnt, esou de Service "Riicht Eraus" op Nofro, gëtt dat dem Parquet gemellt.