PoliceE puer Chaufferen waren an der Nuecht op e Sonndeg alkoholiséiert ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, ass hinnen e Sonndeg de Moien um 4 Auer en Auto a Clausen opgefall, deen ze lues a mat ausgeschallte Luuchten ënnerwee war.
© RTL Archivbild

Béi der Kontroll huet sech erausgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat.

Och zu Diddeleng an am Garer Quartier goufen am Laf vun der Nuecht e puer Automobiliste gestoppt, déi duerch hire Fuerstil negativ opgefall sinn.

A sämtleche Fäll huet sech confirméiert, dass Alkohol am Spill war an dowéinst kruten d’Chaufferen nieft engem Protokoll och hir Permisen ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO