Um 14 Auer ginn d’Walbüroen zou a réischt da gëtt ausgezielt. Bis definitiv Resultater fir d’ganzt Land virleien, ka spéit ginn: viru 5 Joer war et ëm 23 Auer. Et muss een awer net bis esou spéit waarden, fir ze gesinn a wéi eng Richtung et geet oder en Trend ze erkennen. Fir déi kleng Walbezierker Osten a Norden leien definitiv Resultater schonn éischter vir a virun allem ginn et hei op RTL am fréien Owend éischt Héichrechnungen.
Déi Héichrechnunge si keng sougenannt «exit polls» ewéi em Ausland, wou Wieler no hirem Besuch am Walbüro gefrot ginn wien se gewielt hunn. Zu Lëtzebuerg wier et komplizéiert, well ee jo ka jee no Bezierk bis zu 23 Stëmmen ofginn a panachéiere kann. Dowéinst schéckt hei am Land de private Sondageinstitut Ilres e puer Honnert Korrespondenten an honnerte Walbüroen eraus. D’Korrespondenten telefonéieren d’Resultater dann an d’Zentral eran, soubal se se op der Plaz gewuer ginn. D’Manon Breden vun Ilres erkläert d’Korrespondente solle spéitstens um 14 Auer an hirem designéierte Walbüro sinn an da “waarden, datt d’Resultater entweder vum President selwer hinne matgedeelt ginn oder datt se affichéiert ginn”.
Soubal d’Donnéeën do sinn, berechent dann den däitsche Partner vun Ilres, d’Firma Kantar Public, déi probabelst Resultater fir déi eenzel Bezierker. D’Katharina Beckmann vu Kantar erkläert: «Wir ziehen pro Wahlbezierk eine Stichprobe (...), die wier nach speziellen Kriterien auswählen. Es soll streuen über das Land, in der Region. Es soll natürlich nach Parteianteilen eine gewisse Streuung erzeugt sein und es soll letztendlich ein kleines Abbild der Grundgesamtheit des damaligen Ergebnisses sein».
Wéini genee d’Héichrechnungen bei eis um Radio, op der Tëlee an um Internet erauskommen, kann een net op d’Minutt genee soen. Fir déi mi kleng Bezierker Osten an Norde kéint et tëscht kuerz virun 18 Auer a kuerz virun 19 Auer sinn. Fir den Zentrum an de Süden ëm 19 - 19.30 Auer. Dat ka sech natierlech verzögeren wann zum Beispill an eenzele Büroe muss nogezielt ginn. Kënnt dobäi, datt et dës Kéier nees méi Bréifwal gouf an nees méi Parteien op de Walziedelen stinn, wat och kéint en Afloss hunn. Mir waarden hei bei RTL, bis et maximal nach ee sougenannte Wackelsëtz nach gëtt, also ee Sëtz, wou een nach net sécher ass wéi eng Partei e kritt.

Link: Fannt hei den RTL-Walsite fir d’Chamberwalen.