PoliceE puer Permisen agezunn an een Abroch zu Bartreng

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Samschdeg den Owend zu engem Abroch an engem Haus zu Bartreng. Nieft Abriecher waren och alkoholiséiert Chaufferen ënnerwee.
Police
Police
© RTL Archivbild

Onbekannten Täter hate e Samschdeg den Owend eng Fënster opgehiewelt, déi op Kipp stoung, an hu sech sou en Zoutrëtt an d'Haus verschaf. D'Police ermëttelt.

Zu Péiteng war e Chauffer bei enger Kontroll géint 3.20 Auer negativ opgefall. De Mann hat net nëmme just ze vill Alkohol consomméiert, och den Drogentest war positiv. D'Gefier gouf sécher gestallt, et gouf protokolléiert an de Führerschäin agezunn.

Och zu Platen gouf um 5.20 Auer eng Automobilistin kontrolléiert, déi ze vill gedronk hat. Si huet den Auto misse stoe loossen, krute Protokoll an de Permis ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO