Ma wéi eng Léiere kann een haut zéie fir d’Zukunft?
Dat aktuellt Covid-Gesetz leeft den 31. Mäerz aus. Bis dohi wäert awer en neien Text prett sinn, seet den LSAP-Rapporter Mars Di Bartolomeo. De Masken-Zwang an de Gesondheets- a Fleege-Strukture wäert senger Meenung no kënne gelackert ginn. Wat en allgemengt Pandemie-Gesetz ugeet, géif et do net dat eent perfekt ginn. Mä mat de Covid-Gesetzer, déi ee bis elo gehat hätt, hätt een eng gutt Basis:
“Mir hunn net ee Gesetz, wat all Situatioune ka reegelen, mä mer mussen dat Gesetz, wat mer lo hunn an zum Deel ausleeft, completéieren aus den Erfarungen, déi mer konnte maachen a mer gesinn hunn, datt nach Nohuelbedarf do ass.”
Et hätt een op alle Fall an de leschten 3 Joer geléiert, ëmmer prett ze sinn:
“Et muss ee reaktiv, schnell kënnen agéieren. Ech mengen, datt mer dat konnten. D’Zensuren, déi mer vu bausse kruten, waren net sou schlecht, mir hunn also sécher net alles falsch gemaach.”
Och den Direkter vun der Santé, den Dr. Jean-Claude Schmit, kuckt zréck op déi lescht Joren an no vir:
“Mir hu ganz vill geléiert a mussen dat festhalen. An der Direktioun vun der Santé wäerte mer zum Beispill eng Persoun hunn, déi sech just ëm d’Preparatioun vun esou Krise këmmert.”
Wat déi aktuell Situatioun ugeet, betount den Dr. Schmit, datt allgemeng manner iwwert Covid geschwat gëtt, well de Gros vun der Bevëlkerung kengem Risk méi ausgesat wier:
“D’Leit gi bedeitend manner krank dovun, et ass wéi e klenge Schnapp an no e puer Deeg ass et ok. Méi vulnerabel Leit gi villäicht nach bësse méi schwéier krank.”
D’aktuell Variant wier zwar séier iwwerdrobar, mä d’Leit géifen eben net méi sou krank ginn. Et géif awer och einfach eng Immunitéit an der Bevëlkerung ginn duerch vergaangen Infektiounen an Impfungen, huet den Direkter vun der Santé nach preziséiert. Et rechent een domat, datt de Virus nämmlecht wéi d’Gripp am Hierscht an am Wanter ëmmer erëm komme wäert – da wäert och nees gerode ginn, datt Leit sech impfe loossen.