Kilometerlaange StauE Samschdeg de Moien hat op der Areler A6 en Auto gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 112 mellt, hat et e Samschdeg de Moie géint 8.15 Auer op der Areler Autobunn gebrannt. En Auto stoung a do a Flamen.
© RTL Archivbild

Den Tëschefall ass op der Héicht vun Helfent geschitt. Et gouf kee verwonnt.

Et hat sech awer e kilometerlaange Stau forméiert.

Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus der Stad, d'Police an de Ponts et Chaussées.

Back to Top
CIM LOGO