SPTFE Secteur mat responsabelen an transparente Finanze schafen

Pit Everling
D'Missioun vun der Associaitoun „Social Performance Task Force“, kuerz SPTF ass kloer. De Pierre Gramegna sträicht och ë.a. d'Mikrofinanzen ervir.

E Secteur mat responsabelen a transparente Finanze schafen, dat ass d'Missioun vun der Associatioun „Social Performance Task Force“, kuerz SPTF.

Déi international bekannt Plattform ass elo och zu Lëtzebuerg präsent. Si gëtt ënnerstëtzt vum Kooperatiouns- a vum Finanzministère.

SPTF leet sozial Standarde fest. Organisatiounen a Firme kréien et erméiglecht, sozial Objektiver ze definéieren, ze moossen an ze iwwerwaachen.

De Jürgen Hammer ass Responsabel fir d'Lëtzebuerger Branche a betount, dass d'Ministèren erkennen, wéi e Succès d'SPTF huet an dass et och elo e Standard bei de Mikrofinanze gëtt.

De Jürgen Hammer iwwert d'Mikrofinanzen

Déi zoustänneg Ministere Paulette Lenert a Pierre Gramegna ware beim Lancement haut present. De Finanzminister verweist bei där Geleeënheet op d'Wichtegkeet vun de Mikrofinanzen an den inklusive Finanzen zu Lëtzebuerg. Hei géifen nämlech 60% vun de weltwäite Fluxen zu Lëtzebuerg enregistréiert ginn. Domadder wier Lëtzebuerg e Leader an dësem Beräich.

D'Organisatioun SPTF ass a bal 130 Länner present a se huet ronn 3000 Memberen.
Hir nei Lëtzebuerger Adress fanne mer an der Maison de la microfinance an der Stater Glesener Strooss.

Back to Top
CIM LOGO