
Domat awer net genuch. E weideren Abroch gouf et e Méindeg am Nomëtteg zu Hollerech. Hei hat d’Awunnerin den Abriecher awer op frëscher Dot erwëscht. Deen huet sech dunn duerch d’Bascht gemaach, huet säi Vëlo awer mussen zeréckloossen an huet op der Flucht nach op en Auto vun engem Zeien ageschloen. Geklaut huet en näischt.
Owes du krut d’Police nach en Abroch an en Hotelszëmmer zu Hollerech gemellt. Hei goufen iwwer 1.000 Euro Boergeld geklaut.
Weider krut d’Police dann nach Abréch an Autoen, respektiv an e Camper gemellt, dëst zu Esch, an der Millebaach an am Stadzentrum.