Vu Péiteng bis Parc HousenE sëllegen Abréch, respektiv Abroch-Versich um Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, goufen et den 28. Dezember eng ganz Partie Abréch, dëst virun allem an der Stad.

Betraff waren z.B. Appartementshaiser an der rue Jean-Pierre Huberty a rue de Mühlenbach an der Millebaach, grad eéi wéi an der rue Goethe an um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad. Hei gouf all Kéiers via d’Kelleren agebrach, respektiv probéiert anzebriechen.

Via eng ageschloen Terrassefënster oder duerch Aushiewele vu Fënsteren hunn Onéierlecher zu Beetebuerg an der rue du Château agebrach. Hei goufe Wäertgéigestänn geklaut.

Am Nomëtteg tëscht 13.20 an 16.40 Auer hu sech Abriecher Zougang zu engem Appartement am 3. Stack an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg verschaaft, dat via d’Entréesdier. Och hei goufe Wäertgéigestänn geklaut.

Tëscht dem 27. an 28. Dezember dann hunn an der rue Pierre Nothing Onéierlecher probéiert a Büroraimlechkeeten anzebriechen, wat hinnen awer net gelongen ass.

Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg gouf et dann och nach en Abrochversuch an der Rue André Duchscher op der Stater Gare, dat an engem Bicherbuttek.

Weider Abréch gouf et a Wunnengen zu Bäreldeng an zu Beggen, an e Café zu Péiteng an an eng Schoul am Parc Housen.

Een Abriecher gepëtzt

Dësen hat an engem Gebai an der Rue Demy Schlechter zu Bouneweg agebrach a gouf vun zwee Awunner iwwerrascht, déi Geräischer am Keller héieren haten. Dës sinn dem Mann dann och nach nogelaf an hunn hie festgehalen bis d’Police komm ass. Den Déif hat eng ganz Rei Fläschen Alkohol geklaut.

Back to Top
CIM LOGO