CGDISE sëllegen Accidenter um Dënschdegowend - 6 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Nieft 2 Accidenter um Dënschdeg den Owend gouf och nach eng Persoun ugestouss a bei engem Autobrand gouf och eng Persoun blesséiert.
© CGDIS

Géint 20.15 Auer ass zu Esch an der rue du Fossé eng Foussgängerin um Zebrasträifen ugestouss a blesséiert ginn. Den Alkoholtest beim schëllege Chauffer war negativ. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch waren op der Plaz.

Um 21.30 Auer huet et eng weider Kéier zu Esch gerabbelt. Op der Héicht vun engem Kreesverkéier beim Boulevard Charles de Gaulle war en Automobilist an d'Fuerersäit vun engem aneren Auto gerannt. Eng Fra gouf am Auto ageklemmt an huet musse befreit ginn. De Samu huet mussen an den Asaz geruff ginn, grad ewéi d'Ambulanze vun Esch an Diddeleng, an d'Escher Pompjeeën. Zwou Persoune goufe blesséiert. De schëllege Chauffer hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ofgeholl.

Op der A13 Richtung Péiteng si kuerz virun 23 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei goufen 2 Persoune blesséiert. Domat huet op en Neits mussen d'Escher Ambulanz an den Asaz. Verstäerkung koum vu Beetebuerg. D'Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng a Käerjeng/Péiteng waren och op der Plaz.

Géint 23.30 Auer da goufen d'Pompjeeën aus der Stad a vu Bartreng/Stroossen geruff, well en Auto zu Stroossen gebrannt huet. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Stater Ambulanz huet sech ëm déi Persoun gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO