
D‘Pompjeeë hunn de Blesséierten missen aus dem Auto erausschneiden.
Géint 22.30 Auer ass tëscht Esch-Sauer a Kauneref een Auto an de Bam gaangen. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.
Kuerz virun Hallefnuecht sinn op der A7 am Tunnel Gousselerbierg a Richtung Luerenzweiler 4 Autoen aneneen gerannt. De CGDIS mellt ee Blesséierten.
Bei Accidenter zu Diddeleng, Déifferdeng an tëscht Heeschdref an Aasselscheier blouf et all Kéiers beim Materialschued.