Een DoudesafferE Sonndeg den Owend hat et an engem Appartement zu Bouneweg gebrannt

RTL Lëtzebuerg
An engem Appartementshaus an der Wëlzer Strooss zu Bouneweg war e Sonndeg den Owend géint 23.40 Auer e Feier gemellt ginn.

Wärend de Läschaarbechten hunn d’Pompjeeën d’Läich* vun engem 43 Joer ale Mann an enger Wunneng fonnt.

D’Läschaarbechten hu bis an déi fréi Moiesstonne gedauert. Well d’Gebai net méi bewunnbar ass, goufen d’Awunner vun der Gemengeverwaltung anerwäerts relogéiert.

Nieft dem SAMU waren zwou Ambulanzen aus der Stad, grad ewéi d’Pompjeeën aus der Stad, vun Hesper, Beetebuerg, Esch an Habscht op d’Plaz geruff ginn.

De Parquet huet d’Police judiciaire domadder beoptraagt, déi genee Ëmstänn vum Brand z’analyséieren.

*Am Bulletin vum CGDIS um 5.52 Auer e Méindeg de Moie war rieds vun engem Blesséierten. Am Schreiwes vun der Police um 9.30 Auer gouf matgedeelt, dass eng Persoun ëm d’Liewe komm ass.

Back to Top
CIM LOGO