Den Etienne Lenoir ass 1822 zu Mussy-la-Ville op d'Welt komm, wat deemools nach zu Lëtzebuerg gehéiert huet. 1860 huet hien zu Paräis den Motor Lenoir erfonnt. Den éischten funktiounsfäege Gasmotor an domat den Virfare zum Motor, wéi mir en haut kennen. De Lenoir huet de Motor ënnert anerem an engem Won a Booter agebaut.
Wou déi zwee pensionéiert Handwierker Guy Bolmer a Henri Roth Pläng vum Motor Lenoir fonnt hunn, hu si sech entscheet, de Motor nozebauen. D’Fondatioun Etienne Lenoir gouf schonns virun 30 Joer gegrënnt, fir dass de Lëtzebuerger Numm net soll vergiess ginn. Fir den Henri Roth an den Guy Bolmer ass d’Nobaue vum Motor eng Häerzenssaach. Wat herno mam Motor geschitt, steet awer nach net fest. Fir d’ Fondatioun Lenoir wär et awer en Uleien, dëst Stéck vun der Lëtzebuerger Industriegeschicht, fir de Public zougänglech ze maachen.