D'Fouer ass opE Stëmmungsbild vun der Ouverture

RTL Lëtzebuerg
Endlech ass et nees esou wäit. D'Schueberfouer kann nees wéi gewinnt organiséiert ginn. E Freideg am Nomëtteg war déi offiziell Ouverture.

Fouer-Ouverture / Reportage Chris Meisch

D’Riserad dréint nees, den Hämmelsmarsch ass passéiert an déi éischt Leit versammele sech ewell um Glacis. D’Ouverture fir d’Schueberfouer 2022 ass lancéiert. Nieft ale bekannte Spiller wéi Top Spin, Wilde Maus a Break Dance wëll een och dëst Joer rëm mat enger Rei neie Spiller frësche Wand erabréngen a fir den Amusement vu grouss a kleng suergen. Wéi gewinnt gëtt versicht, dem Public ee klengen Highlight ze bidden, deen et esou nach net bei eis gouf. Mam “Dämonium”, enger Geeschterbunn op e puer Etagen, soll dat geléngen. Fir de Forain ass et eng Première, seng Bud um Glacis stoen ze hunn.

“Wir sind hierher gekommen, weil die Schobermesse zu den schönsten und besten Volksfesten in Europa zählt. Wir haben uns sehr sehr lange beworben hier und sind jetzt glücklich endlich mal dabei zu sein.”

Nei Spiller op der Fouer
En Iwwerbléck iwwert déi nei Attraktiounen op der Schueberfouer fannt der hei.

Net nëmmen d’Spiller, och d’Iessen an d’Gedrénks dierfen op der Schueberfouer op kee Fall feelen. Ob gebrannte Mandelen, e gebakene Fësch oder een Eisekuch, un Auswiel feelt et op der Schueberfouer sécher net. Wien hei gären eppes iessen wëll, muss dëst Joer awer op ville Plaze méi déif an d’Täsch gräife wéi gewinnt. Mir ware bei zwee Forainen nofroe wat hir Andréck sinn.

“Mir ware wierklech déi lescht zwee Joer blockéiert. Mir waren net um Terrain, mir ware carrement doheem. Lo rëm do ze sinn 2022 genau sou wéi 2019, dat ass einfach genial, dass mega, et ass eng Stëmmung, de Geroch, d’Musek, de Kaméidi, d’Ambiance, oh et huet engem wierklech gefeelt, ech hat dat hei gebraucht, ech freeë mech enorm, mir deet et wierklech gutt, rëm hei ze sinn.”

Ech mengen esou gutt d’Forainen, wéi och d’Clientë si frou, dass erëm eng Fouer stattfënnt. Et war net evident fir d’Maschinerie rëm eng Kéier un d’Dréien ze kréien, mee ech mengen, wat een héiert vun de Forainen, et ass alles normal iwwer d’Bün gaangen. Wa mir wëssen, dass Fouer ass, gëtt sech ee ganzt Joer preparéiert, et ass natierlech wéi iwwerall, zum Schluss kënnt alles beieneen. Mir erwaarden eis natierlech vill Leit, dobaussen héiert ee jo och bei de Leit, dass de Wëllen do ass.”

D’fräi Nuechten um Weekend goufe fir dëst Joer opgehuewen, um 1 Auer an der Nuecht ginn an der Woch an och um Weekend um Glacis d’Luuchten aus. D’Manègen dierfen amplaz um 14 Auer ewell mëttes um 12 Auer opmaachen.

Bei den éischte Visiteuren dominéiert op alle Fall d’Freed, dass et elo erëm lassgeet.

Wat den Transport ugeet, gëtt wéi gewinnt op déi ëffentlech Servicer an de Park & Ride verwisen, fir d‘Stroossennetz ronderëm de Glacis sou gutt wéi méiglech ze entlaaschten. Den Ofschloss vun der Fouer gëtt no 20 Deeg, de 7. September owes mat engem Freedefeier gefeiert. Deen Dag gëllt op alle Spiller den hallwen Tarif. Och um Familljendag (24. August) muss ee just d’Hallschent bezuelen.

De Summermagazin LIVE: Op der Fouer

De Summermagazin LIVE: Op der Fouer
E Freideg huet déi 680. Schueberfouer um Glacis ugefaangen.

Gewënnspill: Wéi wier et mat engem gratis Fouerbichelchen an Iess- a Gedrénksbonge vum Stall?
RTL 5minutes: On a testé pour vous: Le Daemonium, l’attraction phare de la Schueberfouer
De Summermagazin LIVE
Invité vun der Redaktioun (19. August) - Laurent Schwaller: Och d’Forainen hätten en Interêt, fir Energie ze spueren
RTL-Artikel: Schueberfouer: Kontrolle vu Konformitéit vu Spillsaachen an Accessibilitéit fir behënnert Leit

Back to Top
CIM LOGO