AbréchE Vëlosgeschäft, Firmaen a Schantercher am Viséier

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg, géint 4.30 Auer, gouf op der Cloche d'or an e Vëlosbuttek agebrach.
Police
Police
© Police

Am Ufank haten d'Brigangen op dräi Plaze versicht, fir d'Vitrinn duerchzeschloen, wat net gelongen ass. Um Enn gouf eng Dier opgebrach.

Et goufen eng ganz Rei Vëloen a Kadere geklaut.

Da gouf et de Weekend iwwer och eng Partie Abréch op Chantieren an a Firmegebaier. Dat war de Fall op am Ganze 6 Plazen an der a ronderëm d'Stad.

Am Viséier waren ënner anerem Maschinnen an Informatikmaterial.

Op Schantercher ënnert anerem am Boulevard Royal an an der Avenue de la Gare an der Stad gouf sech zerwéiert. An an Entreprisen an der Stater Rue de Bitbourg, um Verluerekascht an der Rue de Bonnevoie, zu Märel an der Rue de Luxembourg an zu Mamer an der Route de Dippach.

Back to Top
CIM LOGO