Besonnesch de Business Tourismus zu Lëtzebuerg freet sech iwwert den Opschwong. Den Tourismus mécht gutt 1 Prozent vum Lëtzebuerg PIB aus. E Groussdeel dovu gëtt iwwert d’Ausgabe wärend Geschäftsreesen agespillt. An hei gëtt Lëtzebuerg ëmmer méi intressant. Huet awer och seng Limitatiounen.
Dëse Weekend war um Kierchbierg am Convention-Center en Treffe vun der gréisster Associatioun weltwäit fir den Tourismus am Beräich Événementiel - der MPI. Bei iwwer 250 Participanteë wéist Lëtzebuerg sech vu senger beschter Säit, fir Entreprisen ze motivéieren, hiren internationale Staff zu Lëtzebuerg ze versammelen.
Paul Van Deventer, CEO MPI: “Et ass immens wichteg, besonnesch no Covid, datt mer zeréck bei d’Face-à-Face-Meetinge kommen, mer de Leit eenzegaarteg Erfarunge kënne proposéieren. Wann een un d’Connectivitéit vu Lëtzebuerg denkt, un d’Zort vu Gebaier, der Architektur, der Geschicht, all dat erlaabt Meeting- an Event-Designer eppes Besonnesches ze schafen. An dat zitt Entreprisen a Leit un.”
Geschäftstouriste ginn tendenziell méi Suen aus wéi Fräizäittouristen. An der Moyenne sinn dat Depensë vu 594 Euro den Dag pro auslänneschem Visiteur. 2022 waren dat 154.000 Geschäftstouristen, déi 431.000 Nuechte bliwwe sinn. Dat sinn iwwer 250 Milliounen Euro, déi direkt an déi lokal Ekonomie fléissen.
Eric Thill, Delegéierten Tourismusminister: “Ech mengen, wa sou Leit ewéi hei op e Kongress kommen, dann ass dat eemol de Business Tourismus, mee se bleiwe vläicht och duerno e puer Deeg zu Lëtzebuerg, fir Vakanz ze maachen, fir eppes ze gesinn. Et ass intressant, well et och e Secteur ass, deen net Wieder oder Saison ofhängeg ass. Et kann een d’ganzt Joer op Lëtzebuerg kommen.”
Eng 38.000 Persoune schaffen direkt oder indirekt am Tourismusberäich. Ronn d’Hallschent an der Restauratioun. Knapp 10% am Hebergement. Kënnt et also generell zu gréisseren Events, da ka Lëtzebuerg séier kleng wierken. Sou musse bei gréisseren Evenementer vun e puer Dausend Leit, dës och am Ausland logéiert ginn.
Eric Thill: “Et gi kloer Beispiller, déi weisen, wat iwwert déi lescht Jore gutt funktionéiert huet. Mir mussen eis do weider méi breet opstellen an investéieren.”
Wat d’Business-Treffen ugeet, do klëmmt och hei d’Zuel vun de Participanten nees staark. An dat iwwerall.
Paul Van Deventer, CEO MPI: “Eist Treffen haut, par rapport zu Pre-Covid, hunn elo d’Méiglechkeet, Leit ze integréieren, déi net kënnen a Persoun dobäi sinn. D’Technologie erlaabt et elo. D’Treffe ginn also méi grouss. Mee de Face-à-Face-Event ass méi grouss wéi e viru Covid war.”
Hei wëll Lëtzebuerg déi nächst Jore virun allem bei de Sujeten: Space, gréng Technologien a Logistik unzéien.