Halima Mussawi am Sonndesinterview"Ech dreemen dovun, meng Famill erëmzegesinn"

Pierre Weimerskirch
Am August 2021 ass d'Halima Mussawi aus Afghanistan op Lëtzebuerg geflücht. Wärend si hei probéiert, sech en neit Liewen opzebauen, mécht si sech all Dag Suergen ëm hir Famill a Frënn doheem.
Halima Mussawi Sonndesinterview
Fir den Interview hu mir eis am Parc Laval zu Esch gesinn.
© Pierre Weimerskirch

Wéi d'Taliban am Summer 2021 d'Muecht am Afghanistan iwwerholl hunn, huet sech d'Liewe vun der Halima Mussawi vu Grond op verännert. Mat Hëllef vun hirem Brudder, deen zu dem Ament an Afghanistan an der Vakanz war an der Lëtzebuerger Regierung, konnt si am August 2021 op Lëtzebuerg kommen.

Bal fënnef Joer méi spéit lieft si nach ëmmer zu Esch, schafft an engem Kiosk a probéiert, sech no an no en neit Liewen opzebauen. Einfach war dat net.

“Et war e laange Wee. Ech war op eemol wäit ewech vu menger Mamm, menge Schwësteren a menger Famill. An dobäi koumen ëmmer nees déi schlecht Nouvellen aus Afghanistan, besonnesch iwwer d'Situatioun vun de Fraen.“

Vun der Geologin zur Verkeeferin an engem Kiosk

An Afghanistan hat d'Halima Mussawi Geologie a Biergbau studéiert. Et ass e Beräich, an deem si och haut nach gären erëm géif schaffen.

“Ech hunn dat studéiert, well ech et gär hunn. Ech probéieren och elo nach meng Kompetenzen ze verbesseren. Vläicht an zwee Joer, vläicht a fënnef Joer, kann ech nees an deem Beräich schaffen.“

Den Ufank zu Lëtzebuerg war schwéier. Eng vun hire gréissten Erausfuerderunge war et, eng Aarbecht ze fannen.

“Ech hu ganz laang gesicht a keng Aarbecht a mengem Beräich fonnt. Ech hu missen eppes anescht maachen, well ech et wichteg fannen ze schaffen.“

Haut schafft si op der Gare an der Stad an engem Zeitungsbuttek.

Nieft der Aarbecht léiert si Franséisch a Lëtzebuergesch. Vill Fräizäit bleift do net.

"Et gëtt keng Rechter méi fir Fraen"

Och wa si elo a Sécherheet lieft, ass Afghanistan all Dag an hirem Kapp present. Si steet a Kontakt mat Frënn a Familljememberen, déi nach do liewen. Déi Geschichten, déi si héiert, géifen hir Suerge maachen.

“Et gëtt keng Rechter méi fir Fraen a Meedercher. Meng Frënn soe mir, datt si Angscht hunn, erauszegoen. Verschiddener bleiwen déi ganz Zäit doheem.“

Besonnesch déi rezent Entwécklungen an der Regioun Herat géifen hir Suerge maachen. D'Taliban wieren nach méi radikal ginn, géifen drop bestoen, dass Fraen déi richteg Burka undinn an et wieren och jonk Meedercher vun den Taliban matgeholl ginn, wou een net wéisst, wou se elo wieren.
Newsblock vum 11. Juni 2026
De Petz Bartz iwwer d'Situatioun an Afghanistan.

“Vergiesst Afghanistan net“

Fir d'Halima Mussawi ass eng Saach besonnesch schwiereg: datt Afghanistan ëmmer méi aus den internationale Schlagzeile verschwënnt. D'Welt dierft Afghanistan net vergiessen. Si hofft, datt Politiker an Europa sech weider fir d'Rechter vun de Fraen an Afghanistan asetzen.

“Afghanesch Frae si Mënschen. Si sollen dierfe liewen, schaffen a studéieren.“

E groussen Deel vun hirer Famill ass nach ëmmer an Afghanistan, och wann hire Brudder mat senger Famill an de Kanner och zu Lëtzebuerg lieft. Och no bal fënnef Joer géifen d’Erënnerungen un d’Taliban si nach begleeden, se kéint sech aktuell net virstellen zeréck an hir Heemescht ze goen.

“Ech dreemen dovun, enges Daags erëm an Afghanistan ze goen a meng Famill ze gesinn.“

Zu Lëtzebuerg fillt si ech gutt opgeholl. Bis elo hätt si nach ni d'Gefill gehat, net heihinner ze gehéieren: “Och am Zeitungsbuttek léieren d'Clientë mech all Dag nei Wierder op Lëtzebuergesch.“

E Bléck an d'Archiv

E Reportage vum 26. August 2021.
Eng Famill mat 3 Kanner, déi zu Kabul blockéiert waren, wéi d’Taliban d’Muecht iwwerholl hunn, ass um Méindeg nees doheem zu Lëtzebuerg ukomm. D'Halima Mussawi ass deemols mat hirem Brudder vu Kabul op Lëtzebuerg komm.

Back to Top
CIM LOGO