Temoignagen"Ech hat feldgrau un, hie kaki"

Philippe Dondelinger
Jeannot Ries
Monique Kater
Perséinlech Erënnerungen un de Grand-Duc Jean. An de Stied a Gemenge leien déi éischt Kondolenzbicher aus.
Bistrot de la Presse: Grand-Duc Jean
Direkt vis-à-vis um Palais fënnt een e Stéck Lëtzebuerg.

En Dënschdeg um 6.01 Auer koum d'Noriicht vum Doud vum fréiere Staatschef. De Grand-Duc Jean ass 98 Joer al ginn. Erënnerungen.

Lëtzebuerger Kascht a Béier, Lëtzebuerger Clienten a gepotert gëtt och bal nëmmen op Lëtzebuergesch. Wiem dat gefält, geet op de Krautmaart d'Heidi een huelen. Matzen an der Uewerstad, direkt vis-à-vis vum Palais, fënnt een e Stéck Lëtzebuerg, dat déi sëllechen Touristen einfach iwwersinn an dobäi sinn hei esouwuel d'Leit, ewéi d'Maueren en Deel geliefte Monarchie. D'Monique Kater mat enger Rees an d'Lëtzebuerg vum Grand-Duc Jean (Video uewen).

Éischt Kondolenzbicher leien aus

Kondolenzbuch zu Esch a Reaktiouen
Zanter e Mëttwoch leien och éischt Kondolenzbicher a verschiddene Gemengen aus, dorënner och zu Esch.

Zanter e Mëttwoch leien och éischt Kondolenzbicher a verschiddene Gemengen aus, dorënner och zu Esch. De Jeannot Ries war an der zweet gréisster Stad vum Land ënnerwee an huet hei mat Leit geschwat.

D'Kondolenzbuch zu Esch
D'Kondolenzbuch zu Esch
© Jeannot Ries

Perséinlech Erënnerungen un "eise" Grand-Duc Jean

Besonnesch déi Generatioun, déi mam Grand-Duc Jean a senge Funktiounen als Ierfgroussherzog a Groussherzog opgewuess sinn, goufe staark vum beléifte fréiere Staatschef gepräägt.

De Philippe Dondelinger huet sech mat de Leit an der Fondatioun Pescatore ënnerhalen a wollt vun hinne wëssen, wat hir ganz perséinlech Erënnerungen an Anekdote sinn, déi si mam Grand-Duc Jean verbannen.

VIDEO: Perséinlech Erënnerungen un "eise" Grand-Duc Jean
En Dënschdeg um 6.01 Auer koum d'Noriicht vum Doud vum fréiere Staatschef. De Grand-Duc Jean ass 98 Joer al ginn.

Back to Top
CIM LOGO